Csesznek

Us de Wikipedia

Buerg an Duerf

Csesznek (op Däitsch: Zeßnegg, op Kroatesch: Česneg a Slowakesch: Česnek) ass en Duerf mat ronn 600 Awunner an der Veszprém Komitat, Ungarn, dat eng relativ bekannte mëttelalterlech Buerg opweises huet.

Dës Buerg gouf géint d'Joer 1263 vum Baron Jakab Cseszneky baue gelooss, deen de Schwertdréier vum Kinnek Béla IV. war. Heen a seng Nokomme sinn no der Buerg Cseszneky genannt ginn. Tëschent 1326 an 1392 war et eng Buerg vum Kinnek Sigismund, dee se vun der Garai Famill am Tosch géint d'Banat vu Macsó krut. 1482 ass déi männlech Linn vun de Garais ausgestuerwen an de Matthias Corvinus huet d'Buerg der Szapolyai Famill geschenkt. 1527 huet de Baron Bálint Török se iwwerholl. Während dem 16. Joerhonnert waren et d'Csábi, Szelestey a Wathay Famillen deene Csesznek gehéiert huet. De Lőrinc Wathay huet 1561 mat Erfolleg d'Belagerung vun den Ottomanen zréckgeschloen. Mee 1594 gouf d'Schlass trotzdem vun den tierkeschen Truppe besat, bis datt 1598 d'Ungarn se nees séier zréckhaten. Den Dániel Esterházy huet d'Schlass an d'Duerf 1635 kaaft a vun deer Zäit u bis 1945 ware se fest am Besëtz vun der Esterházy Famill.

[Ändere] Um Spaweck

Die Sigg hee stamp us „http://ksh.wikipedia.org/wiki/Csesznek“.
Metmaacher Werkzüch